Avatar
Headlines (RSS Feed)
700ecee5f5d6c38820cbb0bd6ffbd9be7e2578f0370b59270ab652ede0e4da41
Headlines https://www.rtl.lu/rss/feed/headlines

Futtball-Championnat: Déifferdeng iwwerrennt Wolz an der zweeter Hallschent

Den neie Lëtzebuerger Champion huet 45 Minutte gebraucht, fir duerch d'Wëlzer Bollwierk ze kommen.

https://www.rtl.lu/sport/news/a/2301804.html

Giro d'Italia: 2. Etapp: Joshua Tarling gewënnt spannend d'Zäitfueren

De Primoz Roglic war just 1 Sekonn méi lues wéi de Britt an den Drëtten Jay Vine hat e Réckstand vun 3 Sekonnen. De Roglic ass neien Éischten am General.

https://www.rtl.lu/sport/cyclissem/a/2301810.html

Bundesliga: Bochum a Kiel stinn als Ofsteiger fest

Um zweetleschte Spilldag huet Bochum géint Mainz verluer a Kiel war Freiburg ënnerleeën. Mainz dreemt weider vun Europa, Freiburg huet den Ticket sécher.

https://www.rtl.lu/sport/news/a/2301805.html

Op enger Schicht am Altersheem: "Et geet queesch duerch de Gaart"

Mat enger RTL-Kamera konnte mir dem Personal iwwer d'Schëller kucken. Vu Sangen iwwer Petanque spillen bis zu Übunge fir d'Motorik.

https://www.rtl.lu/news/national/a/2301660.html

Alles Guddes: De Prënz Charles feiert säi 5. Gebuertsdag

Den éischte Bouf vum Ierfgroussherzog Guillaume an der Prinzessin Stéphanie koum den 10. Mee 2020 an der Maternité Grand-Duchesse Charlotte op d'Welt.

https://www.rtl.lu/lifestyle/news/a/2301498.html

Neie Mudam-President: "Ech denken, dass et eng Basis gëtt fir zesummenzeschaffen"

De Jean-Paul Olinger wëll d'Rolle vun de Leit definéieren an d'Strukturen am Musée klären an hofft, d'Situatioun duerch Aarbechtsgruppen ze verbesseren.

https://www.rtl.lu/kultur/news/a/2301291.html

No Tëschefall zu Esch: Tëscht Beetebuerg an der Uni-Belval fueren aktuell keng Zich

D'Rettungsservicer hunn aktuell eng Interventioun zu Esch, wouduerch den Zuchtrafic beanträchtegt gëtt.

https://www.rtl.lu/mobiliteit/news/a/2301587.html

Bettel an der Ukrain: "Et ass wichteg, haut Demokratie hei ze feieren an net zu Moskau"

Am Kader vum Treffe vun den EU-Ausseminister zu Lviv ass och de Lëtzebuerger Vertrieder Xavier Bettel an déi ukrainesch Stad gereest.

https://www.rtl.lu/news/international/a/2301537.html

Bouneweger Ghetto : Hëllef do, wou Hëllef gebraucht gëtt

Bouneweg ass e liewegen a multikulturelle Quartier, wou Welten openeen treffen.

https://www.rtl.lu/news/national/a/2301318.html

Paul Rauchs iwwer Symbolik vu Konklav: "Et ass am Fong eng schwaarz-wäiss-Welt, genee wéi den Damp"

De Konklav beweegt weltwäit Millioune Mënschen. Wéi kënnt dat? Doriwwer hu mir mam Psychiater Paul Rauchs geschwat.

https://www.rtl.lu/news/national/a/2301236.html

Commentaire vum Annick Goerens: Et sinn onroueg Zäiten, mee dat ass kee Grond ze hyperventiléieren

An Däitschland an allgemeng uechter Europa gouf e Mëttwoch vill iwwer d'Wal vum Friedrich Merz debattéiert, dee jo eréischt beim zweeten Ulaf als neie Bundeskanzler confirméiert gouf. Vu Staatskrisen, Blamage an Apokalyps war rieds uechter d'Medien, mee fir eis Journalistin Annick Goerens war dat keen Drama, mee just gelieften Demokratie. Keen Grond deemno ze Hyperventiléieren

https://www.rtl.lu/news/commentaire/a/2301214.html

Nei "Surgeon General" an den USA: Trump berifft Gesondheetsinfluenzerin op héije Posten

D'Casey Means, déi éischter als Influencerin oder Autorin bekannt ass, kritt elo ee vun den héchste Posten an der US-Gesondheet.

https://www.rtl.lu/news/international/a/2301196.html

Invité vun der Redaktioun (8. Mee) : Jean-Paul Olinger, Direkter vun der Steierverwaltung

En Donneschdeg de Moie sinn d'Aarbechtsrecht an d'Rentendebatt Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

https://www.rtl.lu/radio/invite-vun-der-redaktioun/a/2300950.html

Wärend an nom 2. Weltkrich: Zu Lëtzebuerg gouf et verschidde Gefaangenelager

Fir d'éischt hunn d'Nazie Lëtzebuerger agespaart, spéider goufen däitsch Krichsgefaangener an de Grand-Duché bruecht.

https://www.rtl.lu/news/national/a/2300335.html

Rapport vu Copernicus: Zweetwäermsten Abrëll weltwäit

D'Temperature bleiwen zwar och dëst Joer weiderhin iwwerduerchschnëttlech héich, leien awer ënnert de Rekorder vun 2024.

https://www.rtl.lu/news/international/a/2300867.html

Avenue de la liberté: An der Stad sinn en Auto an e Policewon aneneegerannt

An der Stater Avenue de la liberté koum et e Mëttwoch kuerz viru 17 Auer zu engem Accident tëschent engem Policewon an engem Auto.

https://www.rtl.lu/news/national/a/2301010.html

CGDIS: Op Decisioun vun der Regierung gouf d'Unitéit RESC-LU geschaf

D'CGDIS kritt an Zukunft eng nei Charge, dat op Basis vun den Aufgaben, déi an Däitschland d'Technisches Hilfswerk (THW) iwwerhëlt.

https://www.rtl.lu/news/national/a/2300979.html

Aus dem Policebulletin: Véier Persoune festgeholl, déi versicht hunn, Auto ze klauen

An der Nuecht op e Mëttwoch hunn Onéierlecher probéiert, zu Diddeleng an een Auto anzebriechen, dat op der Route de Volmerange, wéi d’Police schreift.

https://www.rtl.lu/news/national/a/2300965.html

Vun e Freideg bis e Méindeg: Diddelenger Autobunn tëscht dem Gaasperecher a Beetebuerger Kräiz gespaart

Ponts et Chaussée notzt de verlängerte Weekend, fir gréisser Aarbechten op der A3 ze maachen.

https://www.rtl.lu/mobiliteit/news/a/2300640.html

Protest géint Arcelor Mittal: International Koalitioun fuerdert méi Verantwortung an der Stolproduktioun

Arcelor Mittal hat en Dënschdeg hir Aktionären op d’Generalversammlung invitéiert.

https://www.rtl.lu/news/national/a/2300584.html

Lëtzebuerger Rettungshelikopter am Asaz: Brand vun zwee Wunngebaier am Quartier Tréier-Feyen

Am Quartier Trier-Feyen gouf et en Dënschdeg e groussen Asaz vu Police a Pompjeeë wéinst engem Brand vun zwee Wunngebaier.

https://www.rtl.lu/news/international/a/2300644.html

Eschduerfer Biergcourse: Wann en Duerf sech an eng Boxegaass verwandelt

Zanter bal 40 Joer ass d'Biergcourse zu Eschduerf eent vun de gréisste Motorsporteventer zu Lëtzebuerg.

https://www.rtl.lu/sport/auto-moto-sport/a/2300638.html

Ni mat frieme Leit matgoen: Police-Poppentheater mécht Kanner spilleresch op verschidde Geforen opmierksam

Zanter de 60er Joren organiséieren d'Sécurité Routière an d'Police de Poppentheater.

https://www.rtl.lu/news/national/a/2300447.html

Vun en Dënschdeg bis e Sonndeg: Méiglech Perturbatiounen am Zuchtrafic wéinst Streik a Frankräich

Wéinst engem Streik bei eisem Noper kann et tëscht en Dënschdeg an e Sonndeg zu Stéierungen op den Zuchlinnen tëscht dem Grand-Duché a Frankräich kommen.

https://www.rtl.lu/mobiliteit/news/a/2300568.html

Vu Mëttwoch u gëtt en neie Poopst gewielt: Fënnef Saachen, déi Dir warscheinlech nach net iwwer de Konklav wosst

Vun e Mëttwoch un ass et nees esou wäit. Am Vatikan gëtt e Konklav ofgehalen, fir den neie Poopst ze bestëmmen.

https://www.rtl.lu/news/panorama/a/2300462.html

Esch-Uelzecht: Abriecher, géint deen en Haftbefeel virlouch, vu Police gestallt

E Méindeg de Mëtteg war der Police een Abroch an der Rue Gaston Barbanson zu Esch-Uelzecht gemellt ginn.

https://www.rtl.lu/news/national/a/2300472.html

Nieft Ëlwen huet och Housen Interessi um Rettungshelikopter: De Projet vun engem Hangar an der Nordspëtzt kéint dëst Joer konkret ginn

Kënnt een Hangar fir ee Rettungshelikopter an d'Nordspëtzt vum Land a wa jo, wéini a wou hi genee? Déi Fro gëtt scho méi laang diskutéiert.

https://www.rtl.lu/news/national/a/2300257.html

Erfarungen austauschen: Schwéierblesséiert ukrainesch Zaldoten op Besuch am Rehazenter

Op der Visitt goufen Erfarungen tëscht den Zaldoten an dem Rehazenter ausgetosch. An Zukunft kéinten blesséiert Ukrainer hei och behandelt ginn.

https://www.rtl.lu/news/national/a/2300323.html

LAFF HOUSE: E Raum, wou opstriewend Kënschtler Stëmm a Visibilitéit fannen

Lancéiert an engem Pop-Up-Espace an der Stad bitt LAFF HOUSE Lëtzebuerger an international Kënschtler eng Plaz, fir ze kreéieren, auszestellen, Workshoppen z'organiséieren an Erfarungen auszetauschen.

https://www.rtl.lu/kultur/news/a/2299514.html

Spiller vun de klenge Länner an Andorra: 164 Athlete representéieren de Grand-Duché

Vum 26. bis den 31. Mee sinn an Andorra d'Spiller vun de klenge Länner. Lëtzebuerg wäert mat 164 Athlete vertruede sinn.

https://www.rtl.lu/sport/news/a/2300191.html

Futtball-Championnat: Monnerech steet no Defaite géint d'Fola als éischten Ofsteiger fest

D'Fola huet iwwerdeems nom 27. Spilldag nach rechneresch Chancen op de Barragematch.

https://www.rtl.lu/sport/news/a/2299889.html

De Kass Haff: E Bauerenhaff, op deem net just d’Déieren den Alldag uginn

E Sonndeg war alt nees eng méi lass um Kass Haff, dat an der frëscher Loft, zu Rolleng bei Miersch.

https://www.rtl.lu/news/national/a/2299952.html

Internationale Futtball: Bayern München ass no Leverkusener Gläichspill däitsche Champion

An England konnt Chelsea de Champion Liverpool klappen. Donieft goufen et wichteg Victoirë fir Real Madrid an d'Roma.

https://www.rtl.lu/sport/news/a/2299892.html

Dëschtennis-Championnat: Hueschtert-Folscht ass op en Neits Champion

E Sonndeg gouf zu Kietscht déi zweet Finall am nationalen Dëschtennis-Championnat gespillt.

https://www.rtl.lu/sport/news/a/2299891.html

Police sicht no Hiweiser: Zeienopruff no déidlechem Accident op der A6 lancéiert

Nodeems et op der Areler Autobunn op der Héicht vu Stengefort zu engem Accident mat engem Doudegen a 5 Blesséierte koum, sicht d'Police elo no Zeien.

https://www.rtl.lu/news/national/a/2299888.html

Neie Coworking-Space am Norden: Bis zu 14 Staatsbeamte kënne lo zu Clierf schaffen

Déi nei Raimlechkeete kéinte fir bis zu 1.000 Beamten aus dem Norden eng Optioun sinn.

https://www.rtl.lu/news/national/a/2299517.html

“Speech Olympics”: 20 Jonker voller Courage viru groussem Publik

Confiance, gutt an de Sprooche sinn a keng Angscht viru Publik opzetrieden. Dat si wichteg Punkte fir beim Concours d’Eloquence matzemaachen.

https://www.rtl.lu/kultur/news/a/2299743.html

CGDIS: 4 Accidenter am Laf vun Donneschdegowend, Auto a Brand op der Aire de Berchem

D'Rettungsekippe vum CGDIS haten en Donneschdeg am spéiden Nomëtten an Owend vill ze dinn.

https://www.rtl.lu/news/national/a/2299305.html

Formel 1 : Mexiko bleift bis 2028 am F1-Kalenner

405.000 Spectateure ware bei der Editioun 2024 op den Tribünen.

https://www.rtl.lu/sport/auto-moto-sport/a/2299230.html